
Eng Matugeklote krut iwwerdeems zwee Joer Prisong mat Sursis a 5.000 Euro Geldstrof. Déi zwee haten de Prozess gemaach kritt, wéinst ënnert anerem "Prise illégale d'intérêts" a Korruptioun.
Dobäi goung et ëm de Kaf, Enn 2010, vun engem Terrain vun der Fra duerch den Ex-Gemengepapp, dat zu engem Virzuchspräis.
De Charel Unsen, vu Beruff Affekot, hat fir säin Terrain vun 9 Ar en Ar-Präis bezuelt, dee mol net e Véierel vun deem war, wat d'Gemeng der Fra fir en Terrain vun 3 Ar ginn hat.
D'Fra hat no där Transaktioun eng voll Tâche als Botzfra op der Gemeng kritt.