
De Corps Grand-Ducal Incendie et Secours (CGDIS) mellt 3 Accidenter um Méindeg de Moien, mat allkéiers engem liicht Blesséierten.
Géint 7.40 Auer sinn zu Rolleng an der Lëtzebuerger Strooss zwee Autoen net laanschtenee komm. D'Ambulanz vu Lëntgen an d'Pompjeeë vu Miersch waren op der Plaz.
Kuerz virun 9 Auer ass zu Uewerkuer an der Rue Jeannot Kremer en Auto accidentéiert. Hei waren d'Ambulanz an d'Pompjeeë vun Déifferdeng am Asaz.
A kuerz no 10 Auer sinn zu Rammerech an der Haaptstrooss zwee Bussen aneneegeknuppt. D'Ambulanz vun Ettelbréck an d'Pompjeeë vu Rammerech waren op der Plaz vum Accident.
Da läit nach een Accident vun e Sonndeg den Owend vir. Géint 21.20 Auer war tëscht Näerzeng a Biergem e Chauffeur mat sengem Gefier an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert. Eng Ambulanz vun Diddeleng an den Asazzenter vu Beetebuerg waren do fir ze hëllefen.