Covid-Kontrolle vun der Police3 Lokaler aus dem Horeca-Secteur an 3 Privatpersounen hu géint Reegele verstouss
Bannent de leschten 2 Wochen huet d'Police am Ganze ronn 100 Kontrolle gemaach, fir ze kontrolléieren, ob d'Covid-Mesuren agehale ginn.
Verëffentlecht: 05.01.22 10:55, Update: 08.12.25 13:52
Heibäi goufe Verstéiss an 3 Lokaler aus dem Horeca-Secteur festgestallt, sou wéi bei 3 Privatpersounen. Nieft dëse Kontrolle mécht d'Police nach eemol opmierksam op hir Presenz wärend de Maniffen an der Stad, wou eng ganz Partie Leit interpelléiert goufen.