Coronavirus zu Lëtzebuerg3 vu 7.029 Tester positiv, keng nei Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, weiderhin onverännert bleift.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 3 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganze 4.052. Vun den Infizéierte sinn der 3.273 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 46 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 98.232 Tester gemaach. Vun e Mëttwoch op en Donneschdeg ass dat eng Hausse vu 7.029 Tester, vun deene wéi gesot 3 positiv waren.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 32 aktiv Infektioune ginn an 3.910 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 18 (-7) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 1 dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 940 (+2) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,810. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

Déi Zuelen, ob déi mir eis baséieren, sinn déi, déi vun der Santé vum Site vum Gouvernement kuerz no 17.30 Auer publizéiert ginn. Sollten déi am Laf vum Owend adaptéiert ginn a si eis dat net matdeelen, kann et dozou kommen, datt et Ofwäichunge vun den Zuelen op RTL.lu an den Zuele vun der Santé gëtt.

Back to Top
CIM LOGO