Weider gutt Nouvellen3 weider Missioune fir d'Lëtzebuerger Air Rescue

RTL Lëtzebuerg
D'Luxembourg Air Rescue ass den Ament immens vill am Asaz, dat och vill op Demande vun de franséischen Autoritéiten.

Eréischt en Dënschdeg war jo den éischte franséische Patient vun Ettelbréck nees zeréck an de Grand-Est geflu ginn. Esou konnt de geheelte Patient nees zu Colmar bei senger Famill sinn.

RTL-News: 1. Patient aus dem Grand-Est gouf zeréck a Frankräich geflunnEn Dënschdeg gouf et awer nach e weidert Rapatriement. Do war nämlech ee Fliger vun der Air Rescue am Asaz, wéi e Patient aus Éisträich a Frankräich geflu gouf.

E Mëttwoch sinn dann 3 weider där Missioune geplangt, 2 mam Jet an eng mam Helikopter. D'Fligere wäerten allkéiers zu Magdeburg starten, deen ee flitt op Metz, deen aneren op Saarbrécken. Den Transfert mam Helikopter wäert tëscht Mainz a Mulhouse sinn.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO