
De Mëttelstandsministère huet op Nofro hi matgedeelt, dass bis ewell am Ganzen eng 30 Milliounen Euro Aiden ausbezuelt goufen. Dat wiere ronn 6.000 Dossieren, déi vu klenge Betriber eragereecht goufen, fir déi éischt Hëllef vu 5.000 € unzefroen. D’Hëllef vun 12.500 €, déi mëttelgrouss Betriber mat 10 bis 20 Mataarbechter kréie kënnen, wier nach net ausbezuelt ginn, esou de Ministère weider.

Aus dem Wirtschaftsministère heescht et, dass bis ewell 637,4 Milliounen Euro Avancë fir de Chômage partiel ausbezuelt goufen. Déi décksten Tranche geet un d’Firmen aus dem Secteur vun der Constructioun, dat wieren, Stand den 12. Mee, 175,5 Milliounen Euro.