Ofgesi vum Keller a vereenzelte Maueren, ginn d'Strukture vun dëse Gebaier aus Holz gebaut. D'Holz-Elementer ginn an der Belsch an der Géigend vu Léck an enger Fabrik vum Constructiounsgrupp CIT Blaton virgefäerdegt, duerno op der Plaz zesummegebaut. D'Gebaier kënne bannendran no Besoin ëm-moduléiert ginn, erkläert den Eric Doff-Sotta vun der Lëtzebuerger Filial CBL. Spéider kënne se nees ofgebaut an d'Materialie weider benotzt oder recycléiert ginn. Stéchwuert: Kreeslaf-Wirtschaft.
Wien nohalteg wéilt bauen, kéim net laanscht ee Minimum vun Holz, seet de Marc-André Gennart, CEO vum belsche Grupp. Bei der Constructioun vun de Gebaier um Kiem2050 géifen 30 Prozent manner CO2-Emissiounen ausgestouss wéi beim traditionelle Bau – bei selwechter Qualitéit a Liewensdauer.
D'Holz, virop vu Bichen a Pëppelen, kënnt aus der Belsch a Frankräich, wou et och nees ugeplanzt gëtt. Wéi Sand a Pëtrol ass awer och den Holzbestand begrenzt. Op Dauer kéint et deemno zu enger Penurie kommen, äntwert de Constructeur op Nofro. Hien erënnert awer drun, datt een d'Holz och nees ofbauen an nei gebrauche kéint.
Gleeft een dem Constructeur, sinn d'Präisser vum Holzbau haut déi selwecht, wéi fir déi traditionell Constructioun. Déi véier Gebaier vum Projet Kiem2050 géifen awer e bësse méi kaschten, gëtt den Alexis Fischer zou. Hien ass Directeur Technique vun Immobel, dem Developpeur vum Projet, deen de Concours vum Fonds Kirchberg (kuerz FUAK) 2018 gewonnen hat.
„Le but du Fonds du Kirchberg, c’était d’essayer de construire le bâtiment de 2050." De Projet wier deemno eng Zort Labo am technesche Sënn, awer och vum Zesummeliewen hir. Effektiv wäerten et och eng Rei Gemeinschaftslokaler ginn, zum Beispill ee Sall fir Yoga oder ee gemeinsame Geméisgaart. Um Enn géifen déi méi héich Baukäschten duerch déi gesammelt Erfarungen nees optimiséiert ginn, ënnersträicht den Alexis Fischer.
Grad wéi soss an der Immobiliebranche hat een och bei dësem Projet e Kräiz mat der Vente. Fir datt een ufänke kéint mat bauen, huet de Fonds Kirchberg dunn 135 vun den 148 Wunnengen um Plang opkaaft. Dës ginn elo zu abordabele Präisser ugebueden. Enn 2027 dierften déi éischt Logementer fäerdeg sinn.