"D'Situatioun um Terrain ass ganz eescht an et ass héich Zäit, datt et zu engem Ëmdenke kënnt", seet den SEW/OGBL am Kontext vun der Gewalt an der Schoul. D'Gewerkschaft hat eng national Ëmfro iwwert déi lescht Méint gemaach, fir e méi kloert Bild a virun allem Zuelen ze sammelen, wéi vill Incidenten et wierklech ginn, wéi schro se sinn a wat d'Konsequenze sinn. D'Resultater wiere beonrouegend an et misst endlech agéiert ginn.
Als Gewerkschaft wier een dacks vu Membere kontaktéiert ginn, déi Gewalt ausgesat waren a sech hëlleflos gespuert hunn. Dofir gouf decidéiert, eng national Ëmfro ze maachen, fir eraus ze fannen, ob et e strukturelle Problem ass. 1.115 Enseignanten hunn tëscht Enn Januar a Mëtt Abrëll op Froe geäntwert. D'Joëlle Damé vum SEW/OGBL:
"Wat eis immens erféiert huet, ass dass 820 Participanten uginn hunn, an deene leschten 12 Méint, Gewalt géint sech selwer erlieft ze hunn. An dovunner soen 38 Prozent, dat sinn 314 Persounen, dass si dës Gewalt ee bis fënnef Mol d'Woch erliewen."
D'Gewalt geet meeschtens vun de Schüler aus, mee och 1/3 hunn uginn, Gewalt duerch Elteren oder Erzéiungsberechtegter erlieft ze hunn. Verbal Gewalt gouf am heefegste genannt, awer net just:
"450 Persoune goufen an deene leschten zwielef Méint kierperlech aggresséiert. An dovunner hunn der 233 eng Blessur dovu gedroen a 64 Persoune sinn an deene leschten zwielef Méint wéinst eng Gewaltvirfall an eng medezinesch Consultatioun gaangen. An hei schwätze mer wierklech just vun deene leschten zwielef Méint."
Déi Gewalt géif verharmloost ginn an och richteg Konsequenze géifen dacks ausbleiwen. Täterschutz géif dacks iwwert den Afferschutz gesat ginn. A wat der Gewerkschaft och Suerge mécht, wier, datt Elteren deelweis hir Kanner aus der Schoul eraus geholl hunn, fir se viru Virfäll vu Gewalt ze protegéieren.
Vill Virfäll géife guer net gemellt ginn, vill Opwand, ze vill Bürokratie, mee och Angscht goufe bei der Ëmfro als Grënn dofir genannt. D'Vera Dockendorf vum SEW/OGBL:
"Wann een dat da mellt, hunn d’Leit d’Gefill, datt se riskéieren, e blöde Commentaire vun der Hierarchie ze kréien, déi een ebe selwer a Fro stellen, amplaz de Problem vum gewalttätege Verhalen un der Wuerzel unzepaken. Eng Rëtsch vun de Leit ginn un, sech vun der Hierarchie am Stach gelooss ze fillen zu deem Sujet."
D'Gewerkschaft bedauert, datt näischt Gräifbares do wier, fir mat sou Fäll ëmzegoen a fuerdert dofir ënnert anerem, datt d'Léierpersonal wärend dem Stage dorop preparéiert gëtt:
"Dann hätte mer gär, datt dee Problem einfach visibel gemaach gëtt, datt et statistesch gemellt wäert ginn, wéi vill Gewaltvirfäll do sinn. Mir hätte gär Meldevirfäll, eng Statistik, déi et erfaasst, an ee Joresbericht, dee kuckt, wou a wéi eng Form vu Gewalt wéi heefeg virkomm sinn."
Psychologesch, mee och juristesch Ënnerstëtzung fir Enseignanten an och fir Affer wieren néideg, kloer Richtlinnen, déi fir all d'Schoule gëllen, Sensibilisatioun an Opklärung oder och nach en anonymme System, fir Fäll vu Gewalt ze mellen, gehéieren zu weidere Fuerderunge vun der Gewerkschaft. Bis ewell wiere leider keng Mesuren en place an et huet een d'Gefill, datt den Educatiounsministère versicht, d'Thematik ënnert den Teppech ze kieren, bedauert den SEW/OGBL nach.