Wat haalt dir allgemeng vum Lëtzebuerger Sozialsystem a wou soll d'Politik den Hiewel, Ärer Meenung no usetzen, fir en ze entlaaschten? Dorëms goung et e Freideg de Moien an der Emissioun "Dir hutt d'Wuert". Déi zoustänneg Ministesch Martine Deprez war live bei eis am Studio. Den Defizit vun der Gesondheetskeess gëtt ëmmer méi grouss. 2027 riskéieren d'Cotisatioune mussen eropgesat ze ginn, wann d'Ausgabe weider aus dem Rudder lafen.
Wann een e gudde System wëll behalen, misst een an de saueren Apel bäissen an och vläicht méi cotiséieren, sot beispillsweis eng Nolauschterin. Och d'Krankeschäiner sollte besser kontrolléiert ginn.
Déi Mechanissem wëll een effektiv zesumme mat de Sozialpartner op de Leescht huelen, sot d'Ministesch. An den nächste Woche sollen do Detailer kommen. Zum Beispill sollen d'Kontrolle bei de méi kuerze Krankeschäiner verstäerkt ginn. Eng Schwaachstell bleift, datt et nach ëmmer u Kontrolldokteren feelt. Den Ament stéingen 13, 14 Plazen beim Contrôle médical op, déi een nach ëmmer net besetze konnt, sou d'Ministesch um Freideg de Moien.
Bei de Krankschreiwungen hätt een och schonn eng Rëtsch Dokteren interpelléiert, déi duerch vill Krankeschäiner opgefall wieren, sou d'Ministesch an déi géifen och reegelméisseg interpelléiert ginn. Donieft géif d'CNS mat hire Partner un engem System schaffen, an deem d'Profiller vun all Dokter sollen opgestallt ginn. Zil ass et, déi Medezinner z'erfaassen, déi mat hire Verschreiwungen iwwert der Moyenne leien. An déi sollen dann och konkret domadder konfrontéiert ginn.
Ginn ze vill Coursen zu Munneref verschriwwen? Wollt eng Persoun konkret wëssen. Dat wier haut schwéier ze soen, huet d'Martine Deprez geäntwert, well d'Cours vun engem Dokter eebe verschriwwen ass. Et wéilt een dee System awer op de Leescht huelen.
Een dee méi verdéngt, soll och méi abezuelen, huet eng aner Nolauschterin fonnt. Dofir sollt een iwwert en Deplafonnement vun de Cotisatiounen nodenken. Dat wier och am Kader vun der Pensiounsdebatt schonn ugeschwat ginn, sot d'Martine Deprez, déi sech där Iddi och net verschléisst. Et wieren um Enn awer d'Sozialpartner, déi zesummen eng Decisioun an deem Sënn missten huelen. Den Ament sinn d'Bäitreeg op 5 Mol de Mindestloun gedeckelt.
Kloer wier awer, sot d’Ministesch, dass all Moyen deen agesat gëtt, sou effikass wéi nëmme méiglech misst sinn. Dat gëllt souwuel fir d'Verschreiwe vu Medikamenter, awer och Opträg fir Laboen oder Taxis-Ambulanzen. Alles an allem hunn déi Responsabel an der leschter Quadripartite 95 Milliounen Euro ausgemaach, déi agespuert solle ginn, fir d'Lächer an der CNS ze stoppen. Dat geet allerdéngs net duer, fir den Defizit ze decken. Deen huet sech zejoert op 100 Milliounen Euro chiffréiert an dierft dëst Joer op 126,5 Milliounen Euro klammen.
Kritesch gesäit d'CSV-Ministesch och d'Iddi, fir Persoune mat engem ongesonde Liewensstil (Fëmmen, Iwwergewiicht, Alkohol) duerch méi héich Bäiträg gewëssermoossen ze penaliséieren, well se och d'Keess méi belaaschten. Dat wier "e ganz geféierlechen Exercice". D'Regierung géif éischter op positiv Motivatioune setzen an d'Präventioun grouss schreiwen. Zum Beispill kann ee sech neierdéngs Beweegung vum Dokter verschreiwe loossen. Och esou kéinte Sue gespuert ginn.
D'Gesondheetsministesch war Invitée an der Emissioun "Dir hutt d'Wuert"