
Et gëtt dann och op dëse Plaze kontrolléiert. Sou goufen et eng 1.000 Visitte vun Strukturen, fir déi et e neien oder en erneierten Agrement gouf. Donieft goufen et eng 335 Kontrollen, déi net annoncéiert waren. Dës net-annoncéiert Kontrollen gi gemaach, wann eng oder méi Plainten virleien, wat weist, datt nach laang net jiddwereen mat de Prestatiounen an den Accueil-Strukture fir kleng Kanner a Schoulkanner zefridden ass, abegraff de Ministère, deen natierlech och Soupçonen op Mëssstänn kann hunn.
60 vun dëse Strukture krute bannent de leschte 5 Joer esouguer méi ewéi eng Visitt vun de Kontrolleren.
Dës Zuelen liwwert den Educatiounsminister Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP-Deputéiert Simone Asselborn-Bintz, déi duerch rezent Mëssstänn an engem private Crèche-Grupp interpelléiert gi war, iwwert deen och RTL bericht hat.