An der Crèchë-Grupp "L'enfant Roi" rumouert et. Aktuell a fréier Mataarbechter erhiewe schwéier Virwërf géint d'Direktioun.

Enn Januar hat eng ëffentlech Petitioun um Site Mesopinions.com bannent der Entreprise, déi zu Lëtzebuerg 12 privat Montessori-Crèchë bedreift, héich Welle geschloen. 881 Ënnerschrëften a ganzer 156 Kommentare koumen iwwert dëse Wee zesummen.

An de Kommentare vun der Petitioun fanne sech d'Geschichte vu Leit, déi vu sech soen, an der Grupp "L'enfant Roi" geschafft ze hunn oder nach do ze schaffen. Rieds ass vu Paien, déi net ausbezuelt gi wieren, onrechtméissegen Entloossungen, chroneschem Personalmanktem a souguer Drock op schwanger Educatricen. Dacks ass och ze liesen, de Fonctionnement vun der Crèche hätt näischt mat Montessori ze dinn. Et géifen dofir ze vill Kanner op ze wéineg Personal kommen. Schlecht Konditiounen, en héijen Turnover - et gëtt vun enge sëllege Fäll vu Burn-out a souguer vu "moderner Sklaverei" geschwat.

Iwwerpréiwe loosse sech dës anonym Aussoen an de Kommentaren ënnert der Petitioun natierlech schwéier. Mir hunn eis dowéinst mat engem Opruff op d'Sich no Leit gemaach, déi eis beleeë konnten, selwer Erfarungen an der Entreprise gemaach ze hunn.

Kuerz nodeems eisen Opruff an de soziale Medien online gaangen ass, huet den Telefon an der Redaktioun ugefaange mat schellen an eng sëllege Maile sinn an der Inbox opgedaucht. Mir hu mat all Mënsch geschwat; just zwou Fraen hu sech allerdéngs bereet gewisen, eis hiert Aarbechtsverhältnes mat Dokumenter ze beleeën. Just hiren Temoignage hu mir fir dësen Artikel matgeholl. Eis sinn hir Identitéite bekannt, no baussen hi wollte si allerdéngs anonym bleiwen.

"Dat ass eng Middegkeet, déi een net an 10 Stonnen ausschléift"

D'Lucienne Schmit* huet vun 2017 bis 2021 am private Crèchë-Grupp geschafft, deen aktuell vun 1.093 Kanner besicht gëtt an eng 330 Employéen huet. Si war Ufanks Educatrice, gouf duerno awer zu enger sougenannter "Principale" promouvéiert. D'Rosalie Weber* ass zanter eppes manner wéi engem Joer am Grupp ugestallt an huet mëttlerweil awer och hir Kënnegung agereecht. (*béid Nimm goufe vun der Redaktioun geännert)

Béid Frae schwätze vu Kanner-Gruppen, déi systematesch ze grouss wieren. Gruppe mat 16 Kanner vun ënner zwee Joer wiere bei "L'enfant Roi"  keng Seelenheet, seet d'Rosalie Weber. Domat géif "L'enfant Roi" géint den Agrément ministériel verstoussen, deen ënner anerem d'Maximalzuel vun de Kanner an de Gruppen dem Alter no festleet. Dëse gesäit vir, datt an der Alterskategorie vun ënner zwee Joer héchstens 12 Kanner beieneekommen dierfen.

"Et ass net esou, datt et de Kanner schlecht geet, mee et kann een net richteg op si agoen a si sinn net esou encadréiert, wéi si et misste sinn." Als Beispill nennt d’Rosalie Weber d'Mëttesrascht: Duerno missten d'Wëndele vu 16 Kanner gewiesselt ginn, woufir awer just ronn 30 Minutten akalkuléiert wieren. Dat géif also just eng 2 Minutte pro Kand loossen.

Den Drock op d'Mataarbechter wier grouss: "Mir froen eis moies net méi 'Wat hues du gëschter no der Aarbecht gemaach?', mee mir froen eis 'Hues du gëschter no der Aarbecht gekrasch?'". Dat hätt och ee groussen Impakt op d'Privatliewen - d'Energie fir Hobbyen an Haushalt wier zum Schluss vum Dag net méi do. "Mir sinn dacks esou erschöpft, an dat ass eng Middegkeet, déi een net an 10 Stonnen ausschléift", seet d’Rosalie Weber eis am RTL-Interview.

RTL

© Domingos Oliveira / RTL

Der Lucienne Schmit no wier de Problem vun den ze grousse Gruppen net nëmme bekannt, mee et géifen och "kreativ" Weeër gesicht ginn, fir en ze ëmschëffen. An enger Grupp wieren eng Kéier ganzer 36 Kanner am Alter tëscht 3 a 4 Joer gewiescht. Fir dat ze legitiméieren, wieren d'Quadratmeter vun engem anere Raum matagerechent ginn, deen awer net benotzt gouf. Der Direktioun wier bewosst gewiescht, datt ze vill Kanner op de Lëschte stinn. Fir dëst ze maskéieren, wiere wuel och emol d'Fotoen an d'Nimm vun de Kanner op hire Case verschwonnen, fir datt et no baussen hin net esou géif opfalen.

"Ech weess, datt verschidde Crèchen en extrem héijen Turnover hunn", sot eis d’Rosalie Weber, déi jo och selwer gekënnegt huet. Den Drock wier op Dauer ze vill. "Zanter datt ech do schaffen, sinn ëmmer Jobannoncen online, mee gläichzäiteg geet eng nei Crèche um Houwald op. Ech denken et wier do besser, fir d’éischt no de Crèchen ze kucken, déi schonn do sinn, an datt do genuch Personal ass."

Wéinst Iwwerfuerderung a Middegkeet hätt et vill Krankschreiwunge ginn, erzielt eis och d'Lucienne Schmit. Vu Säite vun der Direktioun wier den Absentéisme gestrooft ginn. Net just wiere Krankschreiwungen an d’Evaluatioun mat agefloss, mee hir selwer wieren och schonn emol Krankheetsdeeg vum Congé ofgerechent ginn, huet eis d'Rosalie Weber erzielt. Och d'Lucienne Schmit huet dovu geschwat, wéi ze spéit ausbezuelte Paien an ofgezunne Congésdeeg als Strof an als Drockmëttel benotzt gi wieren: "Wou ech gekënnegt hunn, misst ech Woche waarden op meng Pai."

Tatsächlech leien eis Dokumenter vir, déi weisen, datt de vag gefaasste Begrëff "Absentéisme" an net manner wéi siwe vun am ganze 14 Evaluatiounskrittäre fir d'Educateure mat agefloss ass an esou och eng Auswierkung op d'Primmen hat. An der dem Generaldirekter Guillaume Godard no aktueller Versioun vun den Evaluatiounskrittären, déi mir vun him kruten, fënnt sech d'Notatioun zum Absentéisme allerdéngs néierens méi.

Der Rosalie Weber no géif Direktioun dovu profitéieren, datt an de Crèchë vill Frontaliere schaffen, déi sech mam Lëtzebuerger Aarbechtsrecht net esou gutt auskennen. Béid Fraen hunn onofhängeg vuneneen erzielt, datt d'Lëtzebuerger d’office méi géife verdéngen, wéi d’Frontaliere mam nämmlechten Diplom. D'Lucienne Schmit schwätzt vu 200 Euro Netto méi op der Pai: "Begrënnt gëtt dat mam Argument: Mir brauchen och Lëtzebuerger an der Crèche, sos bréngen d’Lëtzebuerger hir Kanner net bei eis."

"Hexejuegd" no der Petitioun?

"Wou ech d’Saache vun de Meedercher gelies hunn, hunn ech gekrasch", sot d'Lucienne Schmit iwwert de Moment, an deem si d'Kommentare vun hire fréiere Aarbechtskolleegen ënnert der Petitioun gesinn huet. Geännert hätt sech am Betrib duerch d'Petitioun awer nëmme wéineg, seet d'Rosalie Weber, déi nach am Betrib aktiv ass. D'Personalsituatioun wier nach ëmmer déi nämmlecht.

No der Petitioun wier awer eppes wéi eng "Hexejuegd" lassgaangen – et wier probéiert ginn erauszefannen, wie se lancéiert huet. "Verschidde Leit goufe menacéiert a krute gesot, si kéinten ufänken, sech eng nei Plaz ze sichen", esou d'Rosalie Weber. Eenzegt positiivt Signal bis elo: no der Petitioun wier eng Personaldelegatioun an d'Liewe geruff ginn, an där elo all Crèche e Representant hätt.

Zu de Virwërf géint d'Crèchë-Grupp "L'enfant Roi" befrot - notamment zu zeréckbehalene Paien an net ausbezuelte Primmen - huet d'Inspection du travail et des mines (ITM) op Nofro gesot, et géif ee keng eenzel Dossiere kommentéieren.

Generaldirekter weist Virwërf zeréck

An Gespréich mat RTL huet de Generaldirekter vu "L'enfant Roi", de Guillaume Godard, Stellung zu den Accusatiounen aus eisen Temoignagen an der Petitioun bezunn. Wou d'Petitioun géif hierkommen, kéint hien net soen an hie wéilt do och keng Vermuddungen ustellen. Mä et wier een an der Direktioun awer prett, sech a Fro ze stellen.

No der Publikatioun vun der Petitioun hätt ee mat Representante vum Personal aus de verschiddene Servicer eng Reunioun organiséiert, fir d'Bedenken unzeschwätzen. Dorausser wieren eng Rei Propositiounen ervirgaangen, un deenen ee geschafft hätt. Dëse Format géif elo och bäibehalen a weidergefouert ginn, esou de Guillaume Godard. Vun enger "Hexejuegd" an der Entreprise no der Publikatioun vun der Petitioun hätt hie "keng Kenntnis".

RTL

© Domingos Oliveira / RTL

Op d’Fro, ob et aktuell oder virun der Petitioun ee Personalmanktem gouf, äntwert de Guillaume Godard mat engem kloren "Nee". Et wier een nach ni am Sous-effectif gewiescht an et géif ee mat engem duerchschnëttleche Betreiungsratio vun 1:4 iwwert de Mindeststandarde vum Ministère leien. Wann et wéinst Krankheetsfäll awer emol ee Manque géif ginn, hätt een eng ganz Rei Méiglechkeeten, dëst Personal ze ersetzen, notamment mat sougenannten "Equipes volantes". Et wier een op allen Niveaue konform mam Agrément ministériel.

Mam Absenteismus hätt een net méi Problemer, wéi aner Betriber an der Branche och. Op den Absenteismus an den Evaluatiounskrittären ugeschwat huet de Guillaume Godard allerdéngs agestanen, et hätt een an der Vergaangenheet iwwert dëse Wee probéiert, den Taux erofzekréien.

Bei der Fro no der Diskriminatioun vu Frontalieren erkläert de Generaldirekter vu "L'enfant Roi", et wier de Marché, deen hei d'Spillreegele géif maachen. Den Agrément ministériel gesäit vir, datt all dräi Landessproochen an enger Crèche musse kënne geschwat ginn, an am Fall vum Lëtzebuergesche misst een do um Niveau vum Salaire mat de staatleche Crèchë mathale kënnen.

De Generaldirekter Guillaume Godard steet den nächsten Donneschdeg iwwerdeems mat "L'enfant Roi I S.À R.L." a mat der "Groupe L'Enfant Roi S.A." viru Geriicht. Virgeworf ginn him an deem Kader Abus de biens sociaux a Schwaarzaarbecht.

Ministère hëlt d'Virwërf "ganz seriö"

Wéi et op Nofro aus dem Educatiounsministère heescht, wiere virun der Publikatioun vun der Petitioun keng Doleancen an deem Kader gemellt ginn. Trotzdeem géif de Ministère d'Situatioun awer ganz seriö huelen. Et hätt een de Kontakt mat dem concernéierte Gestionnaire opgeholl, fir d'Situatioun ze analyséieren.

Zu all Moment kéint de Ministère onugekënnegt Inspektioune maachen, fir ze kontrolléieren, ob d'Konditioune vum Agrement - ewéi zum Beispill de Betreiungsschlëssel - respektéiert ginn. Wa bei esou enger Kontroll Verstéiss festgestallt ginn, kann de Ministère fuerderen, datt d'Mängel duerch eng Mise en conformité behuewe ginn. Schlëmmstefalls kann d'Struktur den Agrement awer och entzu kréien. Iwwert eng "Cellule plainte" géif den zoustännege Service all Reklamatiounen nogoen, déi iwwert dee Wee gemellt géife ginn.

Souwuel eis anonym Gespréichspartner, wéi och de Generaldirekter vun der Crèchë-Grupp hunn eis confirméiert, dat an de leschte Woche Mataarbechter vum Ministère do waren, fir de Respekt vum Agrément ministriel ze iwwerpréiwen. Wärend de Guillaume Godard betount, dës Visitte wieren ëmmer onannoncéiert, hu souwuel d'Rosalie Weber wéi och d'Lucienne Schmit dovunner geschwat, an de Crèchë wier een op dës Deeg ëmmer am Virfeld scho speziell preparéiert gewiescht. "Mir hunn eis intern dacks d’Fro gestallt: 'Wie kenne si am Ministère, datt dat ëmmer duerchgeet?'", esou d'Lucienne Schmit.