
60 Wunnenge géifen aktuell u Privatpersoune verlount ginn, 60 un Asblen, wéi zum Beispill d'Croix rouge, a ronn 160 un d'Agence Immobilière Sociale. Dobäi kéime ronn 80 Déngschtwunnengen.
Den adr-Deputéierte Jeff Engelen wollt iwwerdeems vum Finanzminister wëssen, wéi vill staatlech Wunnengen net bewunnt wieren an aus wéi engem Grond. Hei schwätzt de Pierre Gramegna vun 20 Haiser an Appartementer, déi den Ament net verlount wieren. Zousätzlech wieren 30 Haiser, déi virdrun Déngschtwunnenge waren, net bewunnt.
Dës Immobilie wiere gréisstendeels an engem net-bewunnbaren Zoustand a sollten zum Deel ofgerappt ginn, fir nei Projeten ze realiséieren. Eenzel Wunnenge géifen och temporär fir administrativ Zwecker genotzt ginn.