Um Dënschdeg4 Accidenter mat am Ganze 7 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
Géint 12.10 Auer en Dënschdeg sinn am Neiduerf en Auto an eng Camionnette kollidéiert. Hei goufen zwou Persoune blesséiert.

Op der Kockelscheier si géint 13.40 Auer zwee Autoen net laanschtenee komm, och hei sinn zwou Persoune verwonnt ginn. Kuerz no 16 Auer gouf et dann um Belair eng Kollisioun mat zwee Busser. Op en Neits mellt de CGDIS zwee Blesséierter. Géint 16.10 Auer gouf et zu Veianen en Accident mat engem Moto an engem Auto, bei deem eng Persoun blesséiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO