
Tëscht Mamer a Bartreng sinn zwee Gefierer net laanschtenee komm, 3 Persounen goufe blesséiert.
An och tëscht dem Wandhaff a Stengefort sinn 2 Autoen anenee gerannt, hei gouf 1 Persoun liicht blesséiert.
E Samschdeg de Moie géint 20 fir 6 gouf eng Persoun blesséiert, wéi en Auto an de Gruef geroden ass.
D’Ekippe vum CGDIS waren op der Plaz tëscht Bäreldeng a Richtung Briddel.