CGDIS4 Blesséierter bei 3 Accidenter um Méindeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Am ganze goufen e Méindeg am Laf vum Owend net manner wéi fënnef Persounen op eise Stroosse blesséiert.

Géint 19.30 Auer war tëscht Groussbus a Mäerzeg ee Chauffeur mat sengem Gefier an e Bam gerannt. Hien hat do virdrun op der glater Streck d'Kontroll iwwert säi Won verluer. De Mann gouf liicht verwonnt a konnt aus eegener Kraaft aus dem Auto klammen. Hie koum an d'Spidol.

Op der Areler-Strooss zu Stroossen gouf géint 18 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss an dobäi blesséiert.

Och tëscht Haassel a Weiler ware géint 17 Auer zwee Autoen net laanschtenee komm. Een Automobilist war beim Stoppschëld op der Kräizung tëscht der Lëtzebuerger Strooss an der Rue de Syren stoe bliwwen, ass nees ugefuer an huet dobäi een anere Won op der Virfaartsstrooss iwwersinn. Béid Ween krute sech hefteg ze paken, de Materialschued ass héich. Béid Chauffeure koumen fir eng Kontroll an d'Spidol.

Back to Top
CIM LOGO