N24 Blesséierter no Accident op der Streck tëscht Bous an Aassel

Andy Brücker
E Sonndeg den Owend ass um 18:37 Auer en Auto op der N2 bäigaangen.
© Laurent Weber

4 Persoune goufe beim Accident tëscht Bous an Aassel blesséiert, deen e Sonndeg den Owend kuerz virun 18:40 Auer geschitt ass. Op der Plaz waren d'Rettungsservicer vu Réimech.

E weidere Blesséierte gouf et an der Nuecht op e Méindeg, no enger Kollisioun vun 2 Gefierer bei der Dikrecher Esplanade. Kuerz no 1 Auer waren hei zwee Autoen anenee gerannt. D'Rettungsservicer aus der Nordstad waren am Asaz.

Dräi Pompjeescorpse waren e Sonndeg kuerz no 19 Auer zu Colmer-Bierg an der rue de Luxembourg am Asaz, well hei e Feier ausgebrach war. Weider Detailer ginn net genannt. Nieft de Pompjeeë vu Colmer-Bierg, Biissen an aus der Nordstad war och eng Ambulanz aus der Nordstad op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO