1124 Blesséierter no Accidenter um Sonndeg de Mëtteg

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem gouf bei Waarken eng Persoun vun engem Auto ugestouss.
© RTL Archiv

Tëscht Waarken a Welschent gouf eng Persoun um CR349 ugestouss a blesséiert. Geschitt ass dëse Virfall um kuerz viru 15 Auer.

Ëm déi selwecht Zäit gouf et eng Kollisioun tëscht enger Persoun an engem Cyclist. Béid Persoune goufe blesséiert, geschitt ass dëst an der Rue des Hauts-Fourneaux zu Dummeldeng.

Um hallwer 5 dann ass en Automobilist an e Rampli gefuer an accidentéiert, dat op der RN22 tëscht Useldeng a Iewerleng. Eng Persoun gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO