Konjunkturflash vum Statec4. Infektiounswell riskéiert, op annoncéiert Reprise ze drécken

RTL Lëtzebuerg
Déi wirtschaftlech Dynamik huet sech am zweeten Trimester dëst Joer an Europa verbessert, ma d'Pandemie ass nach laang net ënner Kontroll.

Déi nei Infektiounswell, déi sech undeit, riskéiert op déi annoncéiert Reprise ze drécken, stellt de Statec a sengem neiste Konjunkturflash fest.

D'Perspektive fir dat zweet Hallefjoer hänke vun der sanitärer Evolutioun of, a wann elo schonn éischt Länner wéinst der Delta-Variant nei Restriktiounen huelen, wäerte besonnesch Aktivitéiten nees Problemer kréien, wou vill Leit mateneen a Kontakt kommen, am Horeca oder dem Evenementiel. Och géif d'Mobilitéit duerch eng nei Well limitéiert ginn.

De Statec warnt och viru weidere Perturbatiounen an de weltwäite Produktiounslinnen, sou laang d'Impfcampagnen net iwwerall op der Welt wäit avancéiert sinn. Déi grouss Demande hätt elo schonn zu Schwieregkeete beim Approvisionnement gefouert mat staarke Präishaussen an der Industrie an am Bau. Och aner pandemiebedéngte Blockagë kéinten den Inflatiounsrisk eropdrécken. All dës Elementer sou de Statec géifen op d'Reprise drécken. Déi lescht Previsioune vun der EU-Kommissioun uganks Juli si vun enger Hausse vu 4,8% fir dëst Joer ausgaangen. Am Juni hat de Statec selwer mat 6% gerechent.

Back to Top
CIM LOGO