
Eng éischte Kéier goufen d’Beamten e Samschdeg géint 15.15 Auer wéinst enger kierperlecher Ausenanersetzung tëscht zwou Persounen an d’Stroossbuerger Strooss geruff. Ee vun hinnen ass ëmmer méi hafteg ginn a wollt sech net vun de Poliziste berouege loossen. De Mann, deen ënner Alkoholafloss stoung, koum doropshin an de Passage-Arrest, well hien eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet.
An der Nuecht op e Sonndeg huet sech eng Persoun an der Rue Fort Neipperg dem Sécherheetspersonal géintiwwer de Batti gestallt. De Mann gouf am Virfeld wéinst sengem aggressive Verhalen aus dem Lokal erausgehäit a wollt dës Plaz och net méi verloossen. Wéi d’Police mellt, war hei Alkohol am Spill. Wéinst sengem Zoustand huet de Mann d’Nuecht am Passage-Arrest verbruecht.
Sou ass et och engem Mann um Boulevard J.-F. Kennedy zu Esch/Uelzecht gaangen, deen alkoholiséiert iwwert d’Stroosse getierkelt ass. Ëm déi selwecht Zäit gouf der Police eng Persoun an der Avenue J.-F. Kennedy um Kierchbierg gemellt, déi Terrassestill op d’Tram-Schinne schmäisse géing. Och hei duerft de Mann d’Nuecht net bei sech doheem verbréngen, mä gouf vun der Police an de Passage-Arrest begleet.