Motorradsaccidenter4 Persoune bei 4 Accidenter blesséiert

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt véier Accidenter e Samschdeg de Mëtteg bei deene Persoune blesséiert goufen.
Police 2017
Police 2017
© Police 2017

Kuerz virun eng sinn um CR361 zu Géisdref Direktioun Heischtergronn e Motorrad an en Auto anenee geknuppt. Eng Persoun gouf verwonnt. Kuerz no dräi ass um CR165 tëscht Kayl an Näerzeng en Auto an e Motorrad gerannt, och hei ass eng Persoun blesséiert ginn.

Zu Esch an der rue Jos Kieffer ass kuerz no zwou e Motocyclist gefall an dobäi blesséiert ginn, e weidere Motocyclist huet sech wéigedoe bei enger Chute zu Péiteng an der rue Leonard Schroeder kuerz vrun hallwer véier.

Back to Top
CIM LOGO