CGDIS4 Persoune bei Accidenter blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Geschitt sinn dës Virfäll e Samschdeg den Owend.
© RTL Archiv

4 Persounen goufen gëscht Owend bei Accidenter uechtert d’Land blesséiert. Dat mëllt de CGDIS.

Tëscht Bous a Réimesch sinn zwee Autoen anenee gerannt. 2 Persounen goufen bei deem Accident verwonnt.

1 Blesséierten gouf et dann souwuel zu Waasserbëlleg wéi och tëscht der Fiels an Angelsbierg. An och zu Hollerech gouf 1 Persoun blesséiert, hei waren 2 Autoen net laanschtenee komm.

Back to Top
CIM LOGO