
Ma net just de Philippe Schrantz eleng huet esou eng Demande gemaach. Nieft dem Generaldirekter wieren et nach de stellvertriedende Generaldirekter Donat Donven, de René Lindenlaub (Directeur central ressources et compétences de la Police grand-ducale) an den Daniel Reiffers (Directeur central de la police judiciaire), wéi de Pressebüro vun der Police RTL op Nofro bestätegt huet.
Sou eng Demande fir an d’Pensioun ze dierfen, muss op d’mannst 6 Méint am Viraus un den zoustännege Minister erageschéckt ginn. Wéi d’Lëtzebuerger Wort als éischt gemellt huet, hätten de Philippe Schrantz an den Donat Donven dat schonn am leschte Fréijoer kënne maachen, hätten awer bis no de Walen am Oktober gewaart, fir dem Minister d’Méiglechkeet ze ginn, d’Police-Direktioun a Rou nei ze besetzen.
Et deit sech deemno e Generatiounswiessel an der Policedirektioun un, wéi de Pressebüro vun der Police eis bestätegt huet.
Beim Daniel Reiffers ass scho bestätegt, dass hien den 1. Abrëll 2024 wäert an d’Pensioun goen. Bei deenen aneren 3 lafen d’Prozeduren nach, an et ass dem Policeminister Léon Gloden seng Decisioun, déi nach aussteet.
E Freideg war eng Entrevue mam Philippe Schrantz, wou de Léon Gloden informéiert gouf. Et géif näischt dogéint schwätzen, dass seng Demande accordéiert gëtt, esou de Policeminister RTL géintiwwer. An den nächste Méint géif ee sech Gedanken driwwer maachen, wéi déi nei Policedirektioun soll zesummegestallt ginn.
RTL Informatiounen no soll de Philippe Schrantz den 1. Juni 2024 an d’Pensioun goen.