
Mat ronn 1,2 Milliounen goufen eng 40 Prozent méi esou Zertifikater erausginn. De Congé aus familiäre Grënn ass dobäi besonnesch dacks an Usproch geholl ginn.
Am Pandemiejoer 2020 goufen eng 67.000 Certificaten eragereecht, well den Employé aus familiäre Grënn net konnt schaffe goen. Un der Gesamthausse vum Taux d'incapacité de travail mécht d'Feelen op der Aarbechtsplaz aus familiäre Grënn iwwer d'Hallschent aus. Eng 43.000 Ufroen aus dësem Grond ginn op de Mount Mäerz zréck. Och am Abrëll a Mee ass d'Zuel héich bliwwen, ier se iwwer de Summer erëm erofgaangen ass.
Dono eréischt kommen d’Krankschreiwungen, déi un der Hausse vum globalen Taux 35 Prozent ausmaachen. Ma och hei gouf et eng Augmentatioun ëm bal ee Fënneftel. Wéi d’Joer virdru bleift awer d’Krankschreiwung vum Employé mat bal 5 Prozent nach ëmmer deen heefegste Grond, datt en net schaffe komm ass. Dëst geet aus der Äntwert vum LSAP-Sozialversécherungsminister Romain Schneider op eng Parlamentaresch Fro vun der DP-Deputéierter Carole Hartmann ervir. D’Zuel vun den Accidenter, déi zur Folleg haten, datt net konnt geschafft ginn, ass zréckgaangen. De Congé de Maternité ass stabel bliwwen.
Am Ganze goufen zejoert bal 40 Prozent méi Absencen op der Aarbechtsplaz. Iwwert d’Hallschent vun de Leit hunn op d’mannst 1 mol gefeelt. Dat si gutt 5 Prozent méi wéi am Joer virdrun. D‘Durée dovunner huet sech vun am Schnëtt 8,7 Deeg op 10,4 Deeg verlängert. Am meeschte betraff war den Immobiliesekter, an aner Serviceberäicher, ënner anerem bei Botzfirmen. De Finanz- an Horeca-Secteur weisen dobäi déi geréngsten Hausse op.