Orientatioun an de Lycée40 Prozent vun de Schüler kommen an de Classique

RTL Lëtzebuerg
Den Educatiounsministère huet d'Zuele matgedeelt vun der Orientatioun vun der Grondschoul an de Lycée.
© AFP

Knapp 40 Prozent vun de Schüler goufen dëst Joer an de Classique orientéiert. Ronn 47% an de General, dat ass de fréieren Technique. 12,5% kréien de Preparatoire recommandéiert.

An 0,5% hänken nach ee Joer drun an der Grondschoul, éier se op 7e wiesselen.

5.411 Schüler ware concernéiert, déi also am Cycle 4.2 waren an eriwwer an de Lycée wiesselen. An 99,7% vun de Fäll waren d‘Enseignanten an d‘Eltere sech eens iwwer d‘Orientatioun.

PDF: De Communiqué vum Ministère

Back to Top
CIM LOGO