Zënter August hu Generalisten oder Spezialisten eng 440 Leit bei der Santé gemellt, déi wéinst Long Covid mussen traitéiert ginn. Dat geschitt zum Deel zu Ettelbréck an der Rehaklinik, wou den Ament 80 Leit ageschriwwe sinn.
D’Patienten, déi do gehollef kréien, kënne sech net méi gutt konzentréieren, hunn Ängschten oder leiden nach ëmmer ënner kierperleche Symptomer a riskéieren, doduerch sekundär Krankheeten ze entwéckelen. Krankheete wéi Depressiounen.
Fir de Gary Robinson war dat eng vun de Konsequenze vum Virus. Hien hat sech iwwer Chrëschtdag 2020 mat Covid ugestach. Hien hat 5 Woche Kappwéi a krut schlecht Loft, ma dono goung et besser. Allerdéngs just fir ongeféier zwee Méint.
Hien huet op eemol e komesche Geroch an der Nues gehat, war kierperlech schwaach, ass séier ausser Otem komm, hat intensive Kappwéi a konnt sech net méi konzentréieren, war midd am Kapp. De Gary Robinson ass depressiv ginn. D’Psychotherapie zu Ettelbréck ass fir hien eng grouss Hëllef.
Den Dan Mathekowitsch hat sech och am Dezember 2020 infizéiert, war net vill krank, mä dräi Deeg nom positiven Test huet hien näischt méi geschmaacht a geroch. Sënner, déi bis haut net zeréckkomm sinn. Egal wéi vill hie sech ugestrengt huet, Efforten, déi kontraproduktiv waren.
Haut kann een nach net soen, ob déi Long-Covid-Symptomer erëm fortginn. Dofir geet et zu Ettelbréck an der Rehaklinik vum Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique och drëm, fir se an hiert Liewen ze integréieren, se ze acceptéieren an ze léieren, mat hinnen ëmzegoen, esou de Charel Benoy, Psycholog an der Rehaklinik.
Medikamenter géif et keng, souwäit hie wéisst, seet de Charel Benoy. D’Fuerschung wier den Ament op déi akut Covid-Erkrankung ausgeriicht.