Ënner anerem 11 Mol Handy um Steier46 Infraktioune bei grousser Verkéierskontroll an der Stad

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Police op e puer Plazen uechter d'Stad Verkéierskontrolle gemaach, dëst zu Gaasperech, zu Zéisseng an op der Cloche d'or.
© Christophe Hochard

Dobäi goufen am Ganze 44 Avertissements taxés geschriwwen. 20 Chauffere waren ze séier ënnerwee a bei véier war eppes mat de Pabeiere vum Auto net an der Rei, entweder well de Contrôle technique ofgelaf oder d'Steiervignette net an der Rei war.

Eelef Fuerer hunn dann den Handy iwwert dem Fuere benotzt, een anere war duerch Rout gefuer an aacht haten hiert Gefier esou geparkt, dass si de Verkéier behënnert hunn.

An zwee weidere Fäll gouf et e Protokoll. Ee Chauffer war däitlech ze séier ënnerwee an een aneren ass mat engem Gefier gefuer, dat weder verséchert, nach richteg ugemellt war. Ausserdeem hat hie seng Charge net richteg geséchert.

Back to Top
CIM LOGO