
Vun e Mëttwoch u bitt d'Stad Esch all éischte Mëttwoch vum Mount e gratis Service d'accueil et d'informations juridiques un. Et géif e reelle Besoin dofir ginn, gouf e Méindeg op der Pressekonferenz vun der Gemeng zesumme mam Barreau betount. Et geet drëms, datt Leit éischt Informatiounen kréien a wëssen wat hir Rechter sinn, also ëm eng eng Zort Preconsultatioun.
An der Stad gëtt dee Service scho Samschdes ugebueden. Pro Joer ginn ëmmerhin iwwer 3,000 Seancen ofgehalen.
Zu Esch stinn all éischte Mëttwoch am Mount tëscht 11 a 14 Auer zwee Affekoten an der Gemeng gratis zur Verfügung. 58 Affekoten hu sech iwwregens fräiwëlleg dofir gemellt.
D'Zil vum Barreau ass et, de Service weider auszebauen op aner Gemengen an aner Deeg. Nieft der Stad an Esch sollen och Déifferdeng, Stengefort, Miersch a Gréiwemaacher an Zukunft dëse juristesche Service ubidden.