
Tëscht 22.30 Auer an 3 Auer e Samschdeg de Moie goufen dës Kontrolle vun der Police duerchgefouert, dat op der Houschter-Déckt, op der N7 an zu Dikrech an der rue Clairefontaine.
468 Automobiliste goufen engem Alkoholtest ënnerzunn. A 9 Fäll war d'Resultat positiv, 2 Persoune kruten de Führerschäin nach op der Plaz ofgeholl.