Op eise Stroossen5 Blesséierter bei 6 Accidenter um Dënschdegowend, 4 Permise fort

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, goufen et en Dënschdeg Accidenter op der Stater Gare, zu Furen, Nidderkuer, tëscht Pënsch a Boukels, grad ewéi um Findel an op der A4.
© CGDIS

Géint 22.40 Auer war um Findel an der Tréierer Strooss en Auto an e Bam gerannt, woubäi eng Persoun liicht blesséiert gouf. De Promillewäert vum Chauffer war ze héich, dofir gouf hie protokolléiert.

Eng hallef Stonn virdrun ass tëscht Pënsch a Boukels en Auto an de Gruef gaangen. Dobäi huet d'Gefier e Bam gesträift a sech och iwwerschloen. Den Automobilist koum mat liichte Blessuren an d'Spidol, ze vill gedronk hat hien awer net.

An kuerz virun 21 Auer war zu Nidderkuer an der Rue Pierre Gansen e Motocyclist gefall a gouf och blesséiert. Wéi d'Police schreift, wier de Mann lues ënnerwee gewiescht. De Permis gouf awer agezunn, well d'Persoun däitlech ze vill Alkohol am Blutt hat.

Géint 18.30 Auer ass zu Furen an der Dikrecherstrooss en Automobilist mat sengem Gefier an eng Kapell gerannt an eng Stonn virdrun ass an der Avenue de la Liberté op der Stater Gare e Motocyclist gefall. Och hei gouf al Kéiers eng Persoun verwonnt.

D'Police huet dann nach zwee weider Permisen agezunn. Géint 23.00 Auer ass an der Stad eng Automobilistin duerch hire Fuerstil negativ opgefall, si hat däitlech ze vill gedronk. 3 Stonne méi spéit ass de Beamten op der A4 a Richtung Esch en beschiedegten Auto opgefall, deen Héicht Féiz op der Pannespuer stoung. De Chauffer, deen nach op der Plaz war, war staark alkoholiséiert.

Géint 1 Auer um Mëttwoch waren d’Pompjeeë vun Hiefenech, der Fiels a Konsdref da gefuerdert, well zu Hiefenech (Härepesch) e Gaardenhaische gebrannt hat. Et blouf beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO