Luxexpo Open-AirPaul Kalkbrenner iwwerzeegt op en Neits mat sengem legendären Techno-Sound

Rosa Clemente
De Berliner DJ war e Freideg den Owend nees zu Lëtzebuerg. Um Luxexpo Open-Air ënner anerem seng weltbekannten Hits Sky and Sand a Feed Your Head gespillt.
© Joe Warling

Ronn 7.000 Fans hunn e Freideg den Owend de Wee bis bei d'Luxexpo fonnt, wou de Paul Kalkbrenner fir eng energie-geluede Show gesuergt huet. Zënter méi wéi 20 Joer zielt de Berliner zu de gréissten Nimm an der elektronescher Musekswelt an trëtt op de renomméiertste Festivallen an an ausverkaafte Concertssäll op. Och Lëtzebuerg steet reegelméisseg op sengem Tourplang.

Pénktlech um 22.15 Auer ass de Concert ugaangen, nodeems de franséischen DJ Leblanc de Public schonn op den Owend agestëmmt hat. Bei angeneeme ronn 20 Grad hu sech d'Fans vum éischte Beat un op de melodeschen Techno agelooss a bis spéit an d'Nuecht gefeiert.

Paul Kalkbrenner @ Luxexpo Open Air
Paul Kalkbrenner @ Luxexpo Open Air

Mat No Goodbye huet de Paul Kalkbrenner säi Set opgemaach an de Public direkt matgerappt. Ganz sengem Markenzeechen trei, ass hien am Jogging a mat breedem Grinsen op d'Bün komm. Och seng Zigaretten, déi bei senge Live-Optrëtter bal schonn zum Inventaire gehéieren, hunn net gefeelt.

Paul Kalkbrenner @ Luxexpo Open Air
Paul Kalkbrenner @ Luxexpo Open Air

Bal zwou Stonne laang huet de Berliner d'Fans ënnerhalen. Mat Tracks wéi Cloud Rider, sengem Remix vum Stromae-Hit Te Quiero an de weltbekannte Lidder Sky and Sand a Feed Your Head huet hien d'Atmosphär ëmmer nees op den Héichpunkt gedriwwen. Besonnesch wéi Feed Your Head als zweetlescht Lidd ugestëmmt gouf, ass d'Publikum nach eng Kéier richteg matgaangen. Zum Ofschloss huet Sky and Sand fir e stëmmungsvollt Ausklénge vum Concert gesuergt.

Paul Kalkbrenner @ Luxexpo Open Air
Paul Kalkbrenner @ Luxexpo Open Air

Bekannt duerch de Film Berlin Calling (2008)

De Paul Kalkbrenner gëllt als ee vun de bekanntsten Techno-Kënschtler aus Däitschland. Am Géigesaz zu villen DJs beschränkt hie sech net dorop, Musek vun anere Kënschtler ze mixen, mee spillt bei senge Live-Optrëtter virun allem seng eege Produktiounen.

Spéitstens mam Kultfilm Berlin Calling aus dem Joer 2008 ass hien och iwwer d'Techno Zeen eraus bekannt ginn. An deem Film iwwerhëlt hien d'Haaptroll vum DJ Ickarus, wärend de Soundtrack – mat Hits wéi Sky and Sand – him weltwäit zum Duerchbroch verhollef huet.

2025 huet de Paul Kalkbrenner säin 9. Studioalbum The Essence erausbruecht. Op deem ass ënner anerem eng Kollaboratioun mam Stromae ze fannen. Den Album weist, datt hie sech musikalesch weiderentwéckelt huet, ouni säin typesche Sound opzeginn. Bis am Hierscht stinn op sengem Tour-plang nach knapp 20 Optrëtter. Lëtzebuerg war ee vun de wéinegen exklusive Solo-Optrëtter tëscht grousse Festivallen.

Um Luxexpo Open-Air huet den 49 Joer ale Berliner op alle Fall bewisen, firwat hien zënter Joren zu de gréissten Nimm an der europäescher Techno-Zeen zielt. No bal zwou Stonnen ass de Concert kuerz no Mëtternuecht ënner vill Applaus op en Enn gaangen.

Back to Top
CIM LOGO