D'Police mellt eng Festnam am Garer QuartierZwee Männer hu sech bei engem Drogendeal an d'Hoer kritt

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet bannent de leschten zwee Deeg eng Partie Leit verhaft
© Laurent Weber

Géint 13 Auer e Samschdegmëtteg ass eng Patrull vun der Police an en Akafszenter op Bartreng geruff ginn. Dat nodeems e Mataarbechter vun engem Kleederbuttek en Déifstall gemellt huet. Déi zwee presuméiert Täter konnte virum Geschäft gestallt, an déi geklaute Saache bei hinne séchergestallt ginn. Béid Männer goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.

Um 18:30 Auer huet sech dann eng Fra vun Esch bei der Police gemellt, well e Mann sech an respektiv an der Géigend vun hirem doheem opgehalen huet, obwuel e Geriicht him dat an enger Uerder verbueden huet. Eng Patrull vun der Police konnt de Mann no enger kuerzer Sich op der Plaz untreffen. Hie gouf fir déi weider Prozedure mat op de Policebüro geholl. Hien huet e Samschdeg Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Géint 21:30 Auer ass dann enger Patrull vun der Police am Garer Quartier an der Stad e Grupp vu fënnef Leit opgefall, déi sech beim Erblécke vun de Beamte verdächteg beholl hätten. Si goufen doropshi kontrolléiert. Dobäi goufen Droge fonnt, déi schonn a kleng Quantitéiten, fir ze verkafen, agedeelt waren, grad ewéi eng gréisser Zomm Boergeld, e Sprang-Messer an e puer Handyen. D'Saache goufen op Uerder vum Parquet saiséiert.

Eng vun de Persounen haut ausserdeem weider Bulle mat Drogen an hirem Kierper. Dës gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a kënnt e Samschdegnomëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Um 1 Auer an der Nuecht op e Samschdeg sinn enger Policepatrull dann zwee weider Männer am Garer Quartier opgefall. Dës Kéier, well déi zwee sech en d'Hoer kruten a vun de Beamten hu missen ausernee geholl ginn. Am Kader vun der weiderer Enquête op der Plaz huet sech erausgestallt, dass déi zwee sech wéinst engem gescheiterten Drogendeal zerstridden hunn. Si goufen eenzel mat op de Policebüro geholl.

Bei engem vun de Männer goufen dann och Drogen an en Handy fonnt a saiséiert. En Drogeschnelltest huet dann och e positiivt Resultat gewisen. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an et gouf eng Perquisitioun op senger Adress gemaach. Dobäi goufen eng gréisser Geldzomm, e puer Handyen a Geschier, dat hien, den éischten Erkenntnisser no wuel fir den Drogenhandel gebraucht huet, séchergestallt. Och dëse Verdächtegen huet e Samschdegnomëtteg Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO