Eng dréngend, radikal Reform vum Schutz fir Kanner viru Gewalt. Dofir hunn de Mëtteg 200 Leit an der Stad demonstréiert. Organiséiert war d'Manifestatioun vun Amnesty International, der ASBL Innocence en danger a vu La Voie des survivants.
Si kritiséieren ënner anerem, datt den Affer, respektiv hiren Elteren, dacks net gegleeft gëtt, wa se e Verdacht mellen. Donieft wieren d' Prozeduren zu Lëtzebuerg einfach ze laang. An der Moyenne gëtt et hei am Land all Woch eng Plainte wéinst Vergewaltegung vun engem Mannerjäregen.