
D'Police krut an der Nuecht op e Samschdeg ronn 50 Fäll gemellt, an deene Leit sech entweder zerklappt oder gestridden, d'ëffentlech Rou gestéiert oder soss fir Ierger gesuergt hunn. An deene meeschte Fäll wier et de Beamte gelongen, d'Affär nach op der Plaz ze reegelen.
Ee Mann huet missen no enger medezinescher Kontroll am Arrest ënnerbruecht ginn. Dat nodeems hie sech - den éischten Informatiounen no - an engem alkoholiséierten Zoustand an der Rue de Bonnnevoie an der Stad mat e puer anere Leit zerklappt huet. Wéi d'Polizisten doropshin op d'Plaz komm sinn, huet hien all medezinesch Hëllef verweigert a sech géigeniwwer de Beamten onkooperativ verhalen. Ausserdeem huet hien aner Passante belästegt