
Dat äntwert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.
Et géif ëmmer relativ séier eng chirurgesch Rekonstruktioun vun der Broscht gemaach ginn. Zejoert goufen 223 Rekonstruktioune vun der CNS rembourséiert, woubäi d’Ministesch präziséiert, datt dëst just Persoune waren, bei deenen eng Mastektomie a Relatioun mat Broschtkriibs wärend dem Zäitraum vun 2017 bis 2021 gemaach gouf.