
En Donneschdeg de Moien huet d'Police grouss ugeluechte Verkéierskontrollen gemaach, wou d'Oflenkung um Steier an och d'Iwwerpréiwe vun de Pabeieren am Mëttelpunkt stoungen. Dobäi goufen am Ganze 54 Chauffer mat engem Protokoll vun 250 Euro a 4 Punkte verwarnt, well si den Handy wärend dem Fuere benotzt hunn.
Donieft gouf et nach weider vereenzelt Verwarnungen. Véier Chaufferen hate kee Gurt un, zwee Autoen haten en Opsaz, duerch deen de Kaméidi vum Trafic beanträchtegt gouf, ee war ze séier ënnerwee, een aneren huet trotz Iwwerhuelverbuet iwwerholl a bei sechs Persoune waren d'Pabeiere vum Auto net an der Rei.
D'Kontrolle waren tëscht 7 an 10 Auer op der A6 Richtung Stad op der Héicht vun der Sortie Stroossen an op der Areler Strooss zu Stroossen gemaach. Méi spéit gouf dann nach vun 10:30 bis 12 Auer um Enn vun der A4 zu Hollerech kontrolléiert ginn.