
U béide Gefierer ass zolitte Schued entstanen. Wéi de CGDIS schreift, sinn zwou Persoune blesséiert ginn.
Duerch den Accident war et zu Perturbatiounen am Trafic komm. Police a Pompjeeë waren op der Plaz.
Géint 12.45 Auer huet et tëscht Garnech an Holzem gerabbelt. Och hei waren zwee Gefierer involvéiert.
Géint 13.30 Auer sinn zu Zéisseng en Auto an e Moto kollidéiert.
Um 14.35 Auer gouf et e weideren Accident tëscht 2 Autoen, dat op der Cloche d’Or.
Quasi ëm déi selwecht Zäit ass um Briddel en Auto bäigaangen.
Bei all dësen Accidenter, ass jeeweils eng Persoun blesséiert ginn.