Tëscht Ell a Réiden6 Blesséierter no Accident tëscht Auto a Bus

RTL Lëtzebuerg
Géint 18.15 Auer e Mëttwoch den Owend waren tëscht Ell a Réiden en Auto an ee Bus anenee gerannt.

Wéi den 112 um Donneschdeg de Moie mellt, wiere 6 Persoune blesséiert ginn. Wéi uerg ass net gewosst. Op der Plaz waren d'Ambulanze vu Réiden, Mamer souwéi d'Rettungsdéngschter vun Ell a Réiden.

Um Donneschdeg de Moie géint 8.15 Auer gouf tëscht Mamer a Capellen e Motocyclist vun engem Auto ëmgeheit. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Ambulanz vu Mamer, de Samu Süd, grad ewéi d'Asazzentere vu Mamer an aus der Stad waren op der Plaz.

Géint 10.15 Auer gouf eng Persoun zu Beetebuerg an der route de Mondorf blesséiert, nodeems e Méitrakter ëmgefall war. D'Ambulanz vun Diddeleng an den Asazzenter Beetebuerg waren op d'Plaz geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO