Samu am Asaz6 Mënsche bei Kollisioun op der A13 blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, goufen e Samschdeg de Mëtteg 6 Persoune blesséiert, nodeems et op der A13 a Richtung Schengen tëscht dräi Gefierer geknuppt hat.

Géint 13.20 Auer hat et tëscht den dräi Gefierer op der A13 a Richtung Schengen gerabbelt.

Déi 6 Blesséiert goufe vum Samu aus der Stad an den Ambulanciere vun Uespelt, Munneref an Duelem versuergt. Donieft waren d’Pompjeeë vu Réimech, Diddeleng, Esch-Uelzecht a Beetebuerg am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO