Bauprojet „Portal Eent“60 Meter héije Tuerm soll awer zu Esch gebaut ginn

Lynn Cruchten
Beim Projet "Portal Eent" zu Esch geet et ëm de Bau vun e puer Gebaier um fréiere Site vun enger grousser Autosgarage.
Bauprojet „Portal Eent“
60 Meter héije Tuerm soll awer zu Esch gebaut ginn.

2015 ass de Projet virgestallt ginn, gouf awer no enger Rei Diskussiounen a Biergerversammlunge vun der deemoleger Buergermeeschtesch refuséiert.

Doropshi sollt de Promoteur en neit Konzept ausschaffen, mat manner héije Gebaier.

Dës alternativ Versioun gouf och am Abrëll 2018 vum Inneminister guttgeheescht. Elo awer ass nees den initiale Projet mat engem Tuerm vu ronn 60 Meter Héicht aktuell.

Um Eck, deen de Boulevard Prince Henri mat der Rue Victor Hugo verbënnt, soll de Bauprojet "Portal Eent" realiséiert ginn. Eefamilljenhaiser, Studentewunnengen a weider Appartementer a Büroe sollen hei entstoen. Zwee méi längelzeg Gebaier an een Héichhaus mat 19 Etagen.

E besuergten Escher Bierger hat sech an engem Lieserbréif driwwer beschwéiert, dass deen Tuerm, dee viru puer Jore vun der Escher Buergermeeschtesch refuséiert gi war, elo awer soll gebaut ginn. Dobäi hätt de Promoteur tëschenduerch eng alternativ Versioun vum Projet eragereecht. Fir de Bauteschäffe vun der Escher Gemeng, de Martin Kox, awer eng manner gutt Alternativ, well dann den Ilo komplett zougebaut wier. Fir déi selwecht Metercarré, déi gebaut ginn, hätt ee méi Passage a Méiglechkeete fir Commercen, z.B..

Am Lieserbréif geet och nach rieds vun Intransparenz, an enger Modification poncutelle, déi éischter als "Fake news" empfonnt gëtt. Eng Kritik déi den Escher Bauteschäffen awer net gëlle léisst. Et wier eng Modification ponctuelle du PAP bei engem Projet, dee scho mol do war. Et wier näischt "Heemleches", esou de Martin Kox.

Déi Prozedur gëtt och während 30 Deeg ausgehaangen, an dësem Fall bis den 11. Februar, wou d’Leit Zäit hunn, sech kritesch zum Projet ze äusseren. Ma egal wéi entscheet sech schlussendlech am Gemengerot, ob eng Majoritéit fir dëse Plang vum Portal Eent ass oder net.

Hei ee Lieserbréif zum Sujet

Back to Top
CIM LOGO