Erklärungen zu de Chamberwalen649 Kandidaten hu sech fir den 8. Oktober opgestallt

Marc Hoscheid
2023 huet de Wieler wierklech eng grouss Wiel. Fir den 8. Oktober hu sech nämlech net manner wéi 649 Kandidaten opgestallt.

Zu Lëtzebuerg herrscht bekanntlech Walflicht, dat heescht all Lëtzebuerger tëscht 18 a 75 Joer muss wiele goen. Wann déi Flicht och nëmmen um Pabeier besteet, ass et awer net vu Muttwëll, vu sengem Recht Gebrauch ze maachen, well dëst Joer huet de Wieler wierklech eng grouss Wiel.

Fir den 8. Oktober hu sech nämlech net manner wéi 649 Kandidaten opgestallt. Dës verdeele sech op 12 Parteie respektiv politesch Beweegungen. CSV, DP, LSAP, Déi Gréng, ADR, Piraten, Déi Lénk, Fokus a Liberté - Fräiheet sinn an deene 4 Bezierker mat komplette Lëschte vertrueden. D’KPL geet an 3 Bezierker mat komplette Lëschten an d’Course, déi Konservativ an 2 Bezierker a Volt am Süden, dobäi kommen nach 3 Kandidaten am Osten.

12 Parteie si fir ee klengt Land wéi Lëtzebuerg schonn net esou schlecht. Kann een da soen, datt de Wieler dëst Joer sou eng grouss Auswiel huet, wéi nach ni virdrun?

Wat déi rezent Geschicht ugeet op alle Fall. Den offizielle Walsite élections.public.lu geet bis d’Joer 1994 zeréck. An deem Zäitraum hunn ni esou vill Parteie Lëschte presentéiert. Beim Bléck zeréck fält op, datt och an der Vergaangenheet ëmmer erëm nei Parteien ugetruede sinn, déi mëttlerweil awer deelweis scho rëm a Vergiessenheet gerode sinn. 2018 war beispillsweis de Grupp “Demokratie” am Zentrum an am Süde vertrueden, krut awer just ronn 0,35 Prozent vun de Stëmmen. 2013 hat d’Partei fir integral Demokratie ronderëm de Jean Colombera zwar Lëschten a 4 Bezierker, ma huet de Sprong an d’Chamber awer kloer verpasst. Bëssi méi wäit zeréck, 1994, ware mat der Nationaler Bewegong, GLS, Nomp a PRP 4 Parteien derbäi, déi éischter zum rietse Spektrum gezielt hunn an déi et haut all net méi gëtt.

Wa 649 Kandidaten untrieden, si jo bestëmmt eng Partie nei Gesiichter mat derbäi, oder?

Dat ass richteg, ma et sinn awer och vill, soe mer net al, mee bekannte Gesiichter mat derbäi. Ëmmerhin triede sämtlech 17 Regierungsmemberen un. Doriwwer eraus wëlle 57 vun de 60 aktuellen Deputéierten hir Plaz verdeedegen. Just den Aly Kaes an de Jean-Marie Halsdorf vun der CSV an d’Nathalie Oberweis vun déi Lénk ginn aus ënnerschiddleche Grënn net méi mat an d’Walen. De Jean-Marie Halsdorf huet beispillsweis erkläert, hie wéilt sech op de Poste vum Péitenger Buergermeeschter konzentréieren. Ma eng ganz Partie vun den Deputéierten traut sech een Duebelmandat zou. Net manner wéi 44 hunn ee lokaalt Mandat, 11 dovunner si Buergermeeschter. Op bekannte Gesiichter aus Medien a Sport gouf dës Kéier gréisstendeels verzicht. Eenzeg Ausname sinn de fréiere Schwëmmer Raphaël Stacchiotti an déi fréier Tennisspillerin Mandy Minella, déi allebéid fir d’DP mat an d’Course ginn.

A wie kennt een dann esou vun deene Parteien, déi net an der Chamber vertruede sinn?

Do ginn et der e puer. Ze nennen ass beispillsweis de fréieren Europadeputéierten an CSV-President Frank Engel, deen am Oktober Spëtzekandidat vu Fokus ass. Wie sech an deene leschte Joerzéngte fir Lëtzebuerger Politik interesséiert huet oder d’Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek liest, deem dierft den éiwegen Ali Ruckert vun der KPL ee Begrëff sinn. Och de fréieren ADR-Member a Grënner vun déi Konservativ Joé Thein dierften eng Partie Leit kennen. Bei Volt ass et scho méi schwéier och nëmmen een e bëssi méi bekannten Numm erauszegräifen. An dësem Kontext ass iwwregens ze ernimmen, datt Liberté - Fräiheet mëttlerweil offiziell an der Chamber vertrueden ass. Dem Roy Reding seng Sensibilité politique heescht nämlech net méi Liberté chérie, mee eben zanter Kuerzem Liberté-Fräiheet. Et hat sech also no zimmlech kuerzer Zäit scho rëm auschériet.

Bis zum 8. Oktober an doriwwer eraus probéiere mir Iech sou gutt wéi méiglech iwwert d’Walen ze informéieren. An deem Kader leeft aktuell eng Serie iwwert déi méi kleng Parteien. No Liberté-Fräiheet a Volt ass et e Méindegmoien u Fokus.

D’Kandidaten am Iwwerbléck

LINK: De ganzen Dossier vun den Nationalwalen

Back to Top
CIM LOGO