Op eise Stroossen7 Blesséierter bei Accidenter

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend hat et op de Lëtzebuerger Stroossen e puer Mol gerabbelt. Am Ganze goufen heibäi 7 Persoune blesséiert.
© CGDIS

Um kuerz no 17 Auer e Freideg hat et zu Hënchereng an der Escher Strooss gerabbelt. Hei goufen zwou Persoune blesséiert.

Op der A1 an Direktioun Tréier war um 17:30 Auer ee Motocycliste wéinst engem Auto ëmgefall. De Motocycliste gouf dobäi verwonnt.

Op der Gare an der Stad an der Rue Glesener da koum et um kuerz viru 18 Auer e Freideg den Owend zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer. Hei goufen am Ganze 4 Persoune blesséiert. 3 Ambulanzen waren op der Plaz esou wéi d'Secouristen aus der Stad.

Back to Top
CIM LOGO