Coronavirus zu Lëtzebuerg70 Positiver bei 7.191 Tester

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, weider bei 822 läit.
© RTL

Aktuell sinn 23 Persounen hospitaliséiert, dovunner 3 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 698.319 Impf-Dosisse genotzt. 673 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 2.744 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,85. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO