
D'Oplo besteet an der Entschiedegung vum Affer, dat 3.500 € Schuedenersatz zougesprach krut. Dem Mann war virgehäit ginn, am November 2015 Sex mam deemools 14 Joer ale Meedche vun de Proprietäre vun deem Restaurant zu Esch gehat ze hunn, an deem hien als Kach geschafft huet. D'Meedche war schwanger ginn an hat ofgedriwwen.