CGDIS8 nei Rettungsween a Betrib geholl

RTL Lëtzebuerg
Nodeems Mëtt Februar 11 nei Gefierer a Betrib geholl goufen, sinn den 28. Abrëll 8 weider Rettungsween fir de CGDIS ukomm.
© CGDIS

Enn 2018 gouf eng ëffentlech Ausschreiwung fir 34 Rettungsgefierer lancéiert. Wéi gesot, ware Mëtt Februar déi éischt 11 ukomm, déi no enger kuerzer Formatioun a Betrib geholl goufen. Dës Ween sinn ënnert anerem méi modern a méi performant.

RTL-NEWS: Méi modern a méi performant Ambulanze fir de CGDIS

Elo koumen dann 8 weider Gefierer un, déi u 7 Asazzenteren aus dem Süden an eng aus dem Osten verdeelt goufen. Eng Aweisung gouf et déi Kéier a Form vun enger Video-Demonstratioun, sou datt d'Ekippen déi sozial Distanz konnten anhalen.

LINK: Méi Detailer op 112.public.lu

Back to Top
CIM LOGO