Parlamentaresch Fro800 ëffentlech Chargy-Opluetstatioune gi bis Enn 2020 installéiert

Kevin Kayser
Bis 2020 wäert Lëtzebuerg an d'Top 3 an Europa kommen, wat d'Densitéit vum Reseau vun Opluetstatiounen ugeet, esou den Energieminister Claude Turmes.
© RTL (Archiv)

Bis Enn 2020 ginn hei am Land eng 800 ëffentlech Chargy-Opluedestatioune vun de Stroumnetzbedreiwer installéiert. Dobäi kommen nach „Chargy OK“-Bornen, déi vun aneren ëffentlechen oder privaten Acteuren installéiert ginn. Domadder ass Lëtzebuerg am Top 3 europawäit, wat d'Densitéit vum Reseau ugeet, äntwert den Energieminister Claude Turmes op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen.

QP Elektromobiliteit / Reportage Frank Elsen

De Reseau „Chargy“ besteet aus Opluetstatiounen, déi mat gréngem Stroum alimentéiert ginn, an Elektroautoe mat enger Leeschtung vu bis zu 22 Kilowatt Wiesselstroum kënnen oplueden. Mat Hëllef vu deene Bornen hunn Auto eng Autonomie vu bis zu 150 Kilometer.

D'Zil vun där ëffentlecher Infrastruktur ass et eben, de Leit eng Méiglechkeet ze bidden, déi méi laang op engem Parking, Park&Ride oder soss am ëffentleche Raum parken, hiren Auto opzelueden. Des Statioune sinn deemno do fir d'mannst 10 Prozent vum nationale Fuerpark, dat heescht 40.000 Autoe kënnen opzelueden. Je no Bedarf, kann dës Infrastruktur och vergréissert ginn, esou dass 20 Prozent vun den Gefierer ouni Problem kéinten zerwéiert ginn. D'Stroumnetzer sinn jiddefalls fir dës Infrastruktur staark genuch ausgeluecht.

95 Prozent vun de Gefierer ginn op private Bornen opgelueden, also bei Leit doheem oder op Plazen, wou Autoe méi laang ofgestallt ginn ewéi Garagen, dat geet aus enger Etüd vun 2011 ervir, déi d'Regierung zesumme mam Institut luxembourgeois de régulation gemaach huet.

Fir an Zukunft mat engem Elektroauto méi komfortabel ze reesen, soll dann och op groussen Autobunnsaxen europawäit eng Infrastruktur opgeriicht ginn, déi et erméiglecht mat Hëllef vu séiere Chargeuren Elektroautoe mat 150 Kilowatt opzelueden. Déi séier Chargeure si virun allem geduecht, fir mam Elektroauto Distanze vu e puer Honnert Kilometer zeréckzeleeën. An deem Kontext kuckt d'Regierung den Ament, fir och esou séier Chargeuren hei am Land z'installéieren. Dës solle prioritär beim Autobunnsreseau opgeriicht ginn a sollen och kompatibel mam „Chargy“-System sinn.

Dem European Alternative Fuels Observatory no sinn europawäit iwwer 6.300 séier Chargeuren an 120.000 Luetstatiounen operationell. Lëtzebuerg setzt sech och zesumme mat den anere Benelux-Länner an fir eng Luedeinfrastruktur a ganz Europa ze schafen.

D'Areeche vun de Klimaziler an d'Verbessere vun der Loftqualitéit si Prioritéite vun der Regierung. Dobäi spillt och d'Elektromobilitéit eng wichteg Roll, déi nach méi soll gefërdert ginn, esou nach Energieminister Claude Turmes.

Back to Top
CIM LOGO