Police investéiert weider an hire Fuerpark81 nei BMW X3 gi bannent den nächste Méint geliwwert, et sinn alles Bensinner

Roy Grotz
Andy Brücker
56 Gefierer ginn a kompletter Montur fir Patrullen agesat, 25 kréie kee Lettrage.
© Bilia Luxembourg

D’Police investéiert weider an hire Fuerpark, dee mat iwwer 80 neie Gefierer equipéiert gëtt. Deemno kritt d’Police bannent den nächste Méint net manner wéi 81 fuschnei BMW X3 geliwwert, déi fir verschidde Missiounen an den Asaz kommen.

Dëst si 56 Autoen, déi fir Policepatrullen iwwer Land wäerte benotzt ginn a 25 banaliséiert Modeller vum bayresche Constructeur, déi an d’intern Autosflott wäerten integréiert ginn.

Déi nei Policewee gi vun engem Lëtzebuerger Concessionnaire vun der däitscher Mark ausgeliwwert, wou ee vun enger Commande schwätzt, déi an deem Ausmooss exzeptionell gewiescht wier.

Op Nofro beim Concessionnaire si mer gewuer ginn, dass aktuell schonn eng 10 vun den neie Gefierer op de Stroossen ënnerwee sinn.

Wat d’Motorisatioun ugeet, sinn all d’Autoen déi bestallt goufe Bensinner. Et handelt sech ëm BMX X3 20, deemno mat 2 Liter Bensinner an 208 PS.

Wéi vill déi 81 nei Ween global kaschten, gouf net matgedeelt.

Back to Top
CIM LOGO