Invité vun der Redaktioun (4. Juni)Vergewaltegung als Krichswaff: "Il faut que la honte change de camp"

Annick Goerens
En Donneschdeg de Moie war sexualiséiert Gewalt a Konfliktgebidder Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Grande-Duchesse Maria Teresa an Chékéba Hachemi
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Grande-Duchesse Maria Teresa an d'Presidentin vun der ONG "Stand Speak Rise Up!", Chékéba Hachemi, waren en Donneschdeg de Moien eis Invitéeë vun der RTL-Redaktioun. Am Mëttelpunkt vum Gespréich stoung déi sexuell Gewalt a Krichsgebidder. En Donneschdegowend ass an deem Kontext d'Virféierung vum Film "Muganga – Celui qui soigne", deen d'Aarbecht vum Dokter a Friddensnobelpräisdréier Denis Mukwege weist. Hie behandelt zanter Joren Dausende Fraen, déi am Oste vun der Demokratescher Republik Kongo Affer vu sexueller Gewalt goufen.

D'Grande-Duchesse Maria Teresa an d'Presidentin vun der ONG "Stand Speak Rise Up!", Chékéba Hachemi, waren en Donneschdeg eis Invitéeë vun der Redaktioun.

D'Grande-Duchesse huet erkläert, datt d'Iddi hannert der Associatioun "Stand Speak Rise Up!" no hirer Begéinung mam Denis Mukwege entstanen ass. Beim internationale Forum 2019 zu Lëtzebuerg hätte 50 Survivantes [fir net dat Wuert "Affer" ze gebrauchen, ndlr.] eng Stëmm kritt. Dës Unerkennung hätt ville Fraen neit Selbstvertraue ginn an hinnen erlaabt, an hire Gemeinschaften zu Virbiller ze ginn. No dëser Erfarung hunn d'Grande-Duchesse Maria Teresa an d'Chékéba Hachemi decidéiert, d'Associatioun ze grënnen, fir politesch Sensibiliséierungsaarbecht ze maachen an och, fir déi Betraffe laangfristeg z'ënnerstëtzen. Haut géing d'ONG iwwer 8.000 Survivantes op der ganzer Welt dobäi begleeden, fir sech nees ekonomesch onofhängeg ze maachen a fir och nees hir Dignitéit opzebauen.

Appell fir méi Gerechtegkeet: "Il faut que la honte change de camps"

De wichtegste Besoin, deen d'Survivantes expriméieren, wier d'Unerkennung an d'Fuerderung no Gerechtegkeet, erkläert d'Grande-Duchesse. Si huet drun erënnert, dass dem Statut de Rome* no Vergewaltegung als Krichsverbriechen a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet gëllt (Artikel 7 an 8 vum Statut de Rome). Dowéinst géing si een Appell un déi international politesch Instanze maachen, "il faut que la honte change de camps". Déi Verantwortlech misste viru Geriicht bruecht ginn. D'Chékéba Hachemi huet doriwwer eraus d'Politik kritiséiert. Hirer Meenung no géif et nach ëmmer u politeschem Wëlle feelen, fir géint dës Verbrieche virzegoen. Si huet d'Roll vun der Zivilgesellschaft an den Associatiounen ervirgehuewen, déi Drock op Entscheedungsdréier missten ausüben. "C'est la lâcheté de nos politiques, de ne pas prendre en compte des vrais sujets. [...] En fait ce silence assourdissant face à ces fléaux qui nous concernent tous, je trouve que c 'est grâce aux associations et à la société civile où on peut les pousser."

Invité vun der Redaktioun: Grande-Duchesse Maria Teresa an Chékéba Hachemi
D'Grande-Duchesse Maria Teresa an d'Presidentin vun der ONG "Stand Speak Rise Up!", Chékéba Hachemi, waren en Donneschdeg de Moien Invitéeë vun der Redaktioun.

Kino als Mëttel géint d'Verdrängen

Béid Invitéen hunn ënnerstrach, wéi wichteg Filmer a Biller fir d'Sensibiliséierung wieren. Vill Leit géifen d'Thema léiwer ignoréieren, mee visuell Dokumentatioun géif d'Realitéit vun de Verbrieche méi konkret maachen a méi no bréngen. Der Chékéba Hachemi no géif et zu Lëtzebuerg e grousst Interessi un dëse Sujete ginn. D'Associatioun géif reegelméisseg Ufroe kréien, fir Konferenzen, Documentairen a Filmowender ze organiséieren.

D'Grande-Duchesse Maria Teresa genéisst hir nei Fräiheet nom Trounwiessel

Et war den éischte Live-Radiosinterview vun der Grande-Duchesse zanter dem Trounwiessel. Dobäi huet si e perséinlechen Abléck an hir nei Liewensphas ginn. Si sot, si wier frou ze gesinn, mat wéi vill Engagement de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie hir nei Aufgab ugeholl hätten. Gläichzäiteg géif si eng grouss Erliichterung spieren.
"Ech hat net gemierkt, wéi schwéier d'Responsabilitéit eigentlech war", sot si.

Nom Enn vun hirem offizielle Mandat wier eng grouss Laascht vun hire Schëllere gefall. Déi nei Fräiheet géif et hir erlaben, sech méi intensiv fir hir Associatiounen an hir Fondatioun anzesetzen. Besonnesch wichteg wier hir och, Zäit mat hire Kanner an Enkelkanner ze verbréngen.

Nieft "Stand Speak Rise Up!" engagéiert si sech ënner anerem fir Kanner mat Léierschwieregkeeten zesumme mat hirem Fils dem Prënz Louis a schafft un engem neie Projet fir Fraen, déi op hirem Fluchtwee Gewalt erlieft hunn.

Op d'Fro, ob si elo méi Zäit am Ausland verbréngt, huet d'Maria Teresa geäntwert, datt Lëtzebuerg ëmmer hiert Doheem bleift. Am léifste wier si awer do, wou hir Kanner an Enkelkanner sinn.

*De Statut de Rome ass de Statutt, mat deem 1998 den Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag gegrënnt gouf. Dëse Vertrag ass den 1. Juli 2002 a Kraaft getrueden an definéiert, fir wéi eng schwéier Verbriechen de Geriichtshaff zoustänneg ass.

D'Grande-Duchesse Maria Teresa iwwert hiren neie Liewensofschnëtt a mat engem Message un déi Jonk:

Back to Top
CIM LOGO