Statec82% vun de Residentë wëlle sech géint Covid-19 impfe loossen

RTL Lëtzebuerg
Wéi eng rezent Etüd vu Statec erginn huet, wier d'Impfbereetschaft am Grand-Duché grouss.

Dësen héijen Taux géif sech Statec no doduerch erklären, dass d'Vertrauen an d'Wëssenschaft grouss wier. Dat sote mol 3/4 vun de Befroten. 13% Prozent wëlle sech iwwerdeems net impfe loossen.

Donieft hunn 72% vun de Persounen am Kader vun dëser Enquête uginn, dass si de Mask ëmmer unhunn, wa si ënner Leit ginn. 1,7% vun de Befroten hunn uginn, dass si dat ni maachen.

© Trust Lab Luxembourg 2021

PDF: Liest de ganze Communiqué hei.

Back to Top
CIM LOGO