
Statistesch Donnéeë si schwéier z'erfaassen, mä sou goufen et am Schouljoer 2016/17 144 Reunioune vu Conseil-de-disciplinnen an de Lycéeën iwwer Land. Dës Zuel ass réckleefeg, mä de Problem besteet ...
... an dierf net kleng geriet ginn, dat seet och den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, deen an deem Kontext eng Partie Froe stellt, notamment iwwer d'Méiglechkeeten, déi d'Léierpersonal huet, fir an akute Fäll vu Gewalt am Klassesall ze reagéieren.
D'Ministere Meisch a Bausch äntweren a soen, datt d'Zuel vun de Plainten am Kontext mat Gewaltdoten an de Schoulen tëscht 2014 an zejoert konstant bliwwe wier: 70 esou Plainten 2014, 88 Fäll zejoert. Dës Plainte ka vun engem Schüler, engem Enseignant oder soss enger anerer Persoun gemaach gi sinn.
D'Pisa-Etüd aus dem Joer 2015 iwwer d'Wuelbefanne vun de 15 Joer ale Schüler seet iwwerdeem aus, datt hei am Land 3,5% vun de Jonken soten, datt si d'Affer vu Gewalt duerch Matschüler gi wieren - fir d'OECD läit d'Moyenne bei 4,3%.
An engem Véierels vun alle Fäll, déi virun de Conseil de discipline koumen, geet et iwwerdeems ëm Gewaltdoten, iwwer déi sech huet misste prononcéiert ginn.
D'Ministere schreiwen och, datt d'Personal an den ambulante Servicer an de Schoulen opgestockt gi wier, datt sozio-therapeutesch Zentre geschaf gi wieren an datt allgemeng virun allem bei Kanner am Fondamentale Gewaltausbréch meeschtens den Ausdrock vun enger psychologescher Detresse vum Kand sinn; duerfir misst en adequate psycho-sozialen Encadrement vun deem Schüler garantéiert ginn.
Wann et zu enger akuter Kris duerch e gewalttätege Schüler kënnt, läit et am Ermiesse vum Léierpersonal, wat déi adequat Hëllef ass, dëst kann och d'Police oder en Dokter sinn. An enger extremer Situatioun, wou d'Wuel vum betraffene Kand oder Jonken oder d'Sécherheet vun anere Schüler respektiv dem Léierpersonal latent a Gefor ass, gëtt de Parquet informéiert.
A sou Krisesituatioune misst et allemol d'Prioritéit sinn, jiddereen an esou engem Ament vu Gewalt ze schützen, dat gëllt och fir de betraffene Schüler viru sech selwer.