Ëm déi 30 Patiente waren déi lescht Wochen ëmmer op den Intensivstatiounen, verdeelt also op 4 Spideeler. En Dënschdeg hate mer en Abléck kritt an d'Aarbecht vun den Hopitaux Robert Schuman. Och am Norde vum Land, am Ettelbrécker Centre hospitalier, ass d'Situatioun souwäit ënner Kontroll.
Ee richtege Pic gouf et bis ewell net d'Zuel vu Covid-19-Patienten ass zimmlech konstant bliwwen.
9 Covid-19 Patiente leien aktuell op der Intensivstatioun vum Ettelbrécker Spidol. An der Moyenne bleiwen d'Leit tëscht 10 a 16 Deeg op der Intensivstatioun, wou si eng intensiv Betreiung kréien.
Am Spidol zu Ettelbréck gouf et vun all Alterstranche tëscht 40 an 80 Joer wéinstens 1 Patient, deen op de Covid-19 behandelt gouf.

CHdN Ettelbréck - 1. Patient aus dem Grand Est gouf heemgeflunn